Luxemburgisch


JÜRGEN JANKOFSKY

 

 

ANNA HOOD

 

 

 

Eent

 

„Ongerecht“, huet d´Anna geruff, „dat ass gemeng, sou gemeng!“

Um Fernseh klëmmt e Flüchtling aus dem Mier. Hien dréit e Kand, een doudegt. Douce, zäertlech bal, huet en et ob de Strand geluecht, nidder geknéit, an den Himmel gekuckt. Touristen an hire Schwammsaachen, Kanner och, si méi no komm, hu geglotzt. Nee, kee Film, d´  Noriichten, alles echt, elo grad geschitt.  

D´  Anna huet sech d´  Hänn virun d´  Ae geschloen, de Kapp gerëselt. D´  Biller awer si bliwwen. An am Mier sinn nach weider Flüchtlinge gedriwwen. An um Horizont ass nach e weidert Boot ënnergaangen.

Natierlech huet hatt esou Biller net fir d´éischt gesinn, awer haut ass him dat iergendwéi einfach alles ze vill ginn.

D´  Noriichtespriecherin huet gesot, datt ee spende kéint, wann een hëllefe wéilt, zu all Ament.

D´  Anna ass a säi Kannerzëmmer gelaf an huet seng Spuerbéchs geholl. Réischt gëscht hunn d´Boma an de Bopa him genuch Sue fir an d´ Vakanz matginn. „Eng gutt Rees! Vill Spaass“ Onvirstellbar awer, datt hatt mat der Mamm a mam Papp ënnert de Palme leien, a passéiere géing, wat hatt do um Fernseh gesinn hat ... Nee! Nëmmen net!

Hatt huet säi Spuerschwäin héich iwwert de Kapp gehuewen – zack! ass et um Tapis ausenaner gebrach. Mënze si ronderëm gerullt.

„Wat ass dann hei lass?“ D´  Mamm koum aus der Kiche gerannt. „Wat méchs du dann do?“

„ Ech wëll spenden“, huet d´  Anna gesot an op de Fernseher gewisen. „Hëllefs de mer?“

„Jo, awer …“

„Gemeng“, huet d´  Anna gesot, „déi eng sonne sech, wou déi aner stierwen – dat muss ophalen, endlech ophalen!“

 

 

Zwee

 

De Robin huet mat der flaacher Hand géint den Automat mat de Knätschgummie geschloen.

„Zut!“, huet hie geflucht, „Wéi vill muss ech dann nach hei drastiechen? Wisou kënnt dann näischt eraus?“

D´Anna huet gesinn, wéi de Robin rose seng Boxentäschen duerchwullt huet. Awer ier hien eng weider Mënz an den Automat stieche konnt, huet hatt geruff: „Waart!“

All déi aner Kanner aus senger Klass hat d´  Anna scho gefrot, ob si och wéilten eppes fir méi Gerechtegkeet op der Welt maachen, géint Nout, Misär, Leed. Awer si haten all eng Ausried: déi eng haten hire Portmonnie vergiess an anerer grad keng Zäit, haten nach dringend eppes ze léieren, erëm anerer missten hir Eltere froen, an nach anerer hu behaapt, muer eppes maachen ze wëllen, villäicht. 

De Robin huet dat Stéck Knätsch bekuckt, dat d´Anna aus sengem Schoulsak gekroopt huet, e bësse getéckt zwar, mä ëmmerhin. A gedëlleg huet hien nogelauschtert, wat d´  Anna him verzielt huet, vun der Onerdréiglechkeet vu sou schreckleche Biller um Fernseh an iwwerhaapt. An tatsächlech huet de Robin seng Mënzen bei dem Anna seng Spendemënzen dobäi ginn.

 

 

Dräi

 

D´  Anna huet och déi Suen gespent, déi säi Papp him fir seng gutt Note an der schwéierer Mathes-Prüfung geschenkt hat. An hatt huet Monnien an Tattaen, Cousinen a Cousineën, Noperen a Nopeschen, jo souguer Schoulmeeschter a Friemer, einfach sou ob der Strooss, gebieden, et him gläich ze doen.

An awer sinn déi Biller, déi fierchterlech Zeenen aus de Noriichte bliwwen. Jo, et huet geschéngt, wéi wann et der all Dag méi géinge ginn, net manner, an dës Biller, dës Zeene sinn ëmmer méi erschreckend ginn: méi a méi Booter, déi kenteren, méi a méi Doudeger, méi a méi Gaffer.

 

 

Véier

 

De Robin huet d´  Anna gefrot, ob hatt wéisst, datt hien ee bekannten, ee weltberühmte Patréiner hätt: Ëmmer gréng ugedoen, treffsécher mat Feil a Bou, een Held, couragéis a gescheit, deen de Räichen d´  Suen ofknäppt, fir se deenen Aarmen ze ginn …

„Robin Hood?“

„Richteg“, huet de Robin bestätegt.

 

 

Fënnef

 

D´  Anna huet nogeduecht.

„Du mengs“, huet hatt endlech gefrot, „wann déi Räich haut géinge Sue fir déi Aarm ginn, esou vill, datt se op mannst z`iessen an ze drénken hätten, an d`  Schoul goen, an dann Aarbecht fannen, a Fridde liewe kéinten, géing kee flüchten?“

„Weess net“, huet de Robin gesot.

„Géingen Aarmer net hir Heemecht verloossen, fir a räiche Länner unzekommen – geféierlech iwwer d´  Mier, duerch d´  Wüst, duerch d´  Bierger an trotz de Grenzen aus pickegem Drot?“

„Weess net“, huet de Robin gesot.

„Wou kann ech Bouschéisse léieren?“ huet d´  Anna gefrot.

„Weess net“, huet de Robin gesot.

 

 

Sechs

 

De Robin huet gesinn, wéi d`  Anna Dag fir Dag säi Baussent verännert huet: Fir d´éischt ass hatt mat enger grénger Schläif an den Hoer opgedaucht, du mat gréng lackéierte Fangerneel, do derbäi huet een dunn ee grénge Pullover ugedoen, dunn nach eng gréng Jupe a gréng Schong, an zu gudder Lescht koumen och nach gréng geschminkte Lëpsen an Aen, eng gréng Auer, ee grénge Schoulsak a gréng Braceleten, Ketten a Réng dobäi.

Jo, a wat et méi gréng gouf, wat et ëmmer méi verschloss gewierkt huet, éiweg iwwer Saachen nozedenken, net méi gelaacht huet, deen aneren aus dem Wee gaangen ass, bal net méi mam Robin geschwat huet.

Wa méiglech wier him net mol opgefall, datt de Robin ob eemol mat enger grénger Kap an d´  Schoul komm ass, wann d`  Schoulmeeschteren hien net andauernd opgefuerdert hätten, dee gréngen Truc wéinstens wärend der Schoulstonn auszedoen. 

„Gréng steet dir!“ huet d´  Anna gesot.

„Dir och“, huet de Robin gesot.

Béid hu se gegrinst.

„De Robin Hood war ëmmer monter“, huet de Robin gesot, „ëmmer oppen, ëmmer gutt drop“.

„Wouhier wëlls du dat da wëssen?“

„Ma, ech hunn e bëssen nogelies, am Internet an esou.“

„Gutt“, huet d´  Anna gesot, „a weider?“

„Elleng hätt de Robin Hood näischt erreeche kënnen, absolut näischt, ouni seng Unhänger, ouni Band wier hien ni u Gold komm, hätt net fir Gerechtegkeet suerge kënnen, nee, ni!“

„Hm“, huet d´  Anna nogeduecht, „Mengs de…?“

„Logesch!“, huet de Robin gesot.

„Majo dann “, huet d´  Anna gesot an dem Robin ee grénge Rank higehalen, „Wëllkomm an der Anna-Hood-Gang!“

 

 

Siwen

 

Wéi d`  Anna elo selwer den Internet duerchsicht huet, huet hatt erausfonnt, datt de Robin Hood an seng Unhänger Gesetzloser genannt goufen. An als Gesetz vun de Gesetzlosen huet gegollt, de Räichen ze huelen, fir deenen Aarmen ze ginn.

Dunn huet et erausfonnt, datt hien de Räiche meeschtens nëmmen d`  Hallschent vun hirem Gold, hire Suen a Bijouen ofgeholl huet, fir datt déi nëmmen net selwer veraarmen.

An dunn huet et nach gelies, datt et viru Joerhonnerten an England Robin-Hood-Spiller goufen, wou gesongen a gedanzt, rezitéiert, grimasséiert, jongléiert, balancéiert a gezaubert gouf, an déi Räich dono fräiwëlleg Sue fir déi Aarm ginn hunn, an zwar genuch.

 

 

Aacht

 

„Wonnerbar“, huet de Robin geruff, „haut ass den éischte Mee, komm!

„Mä wou wëll s de hin?“

„Dohinner, wo all déi Räich ëmmer hi mussen, wou d`  Sue sinn, op d`Bank!“

A schonn huet hien d`  Anna mat der Hand geholl an ass mat him duerch  Stad gerannt.

Virun der Bank stoungen awer schonn op där enger Säit al Männer an al Frae mat roude Fändelen a roude Banderollen an hunn haart mat rouden Trillerpäife gepaff. An op der anerer Säit stounge méi jonk Männer a Frae mat schwaarze Fändelen an hu probéiert géint déi, déi gepaff hunn, unzejäizen. D`  Police dotëscht. A wa jiddereen grad Loft geholl huet, huet ob enger Bühn en ale Riedner vun der Muecht vun de Sue geschwat, déi d`  Aarbechter aus alle Länner bezwénge missten an huet weider Sätz vu sengem Ziedel ofgetuddelt, déi d`  Anna an de Robin net verstanen hunn, beim beschte Wëllen net!

Ier déi zwee awer sangen oder danzen, rezitéieren, grimasséieren, jongléieren oder zauberen hätte kënnen, goufe si stronzeg ewechgejot:

„Hei gëtt net ronderëm gespillt!“

„Hei ass éischte Mee – Kampfdag vun den Aarbechter!“

„Verstanen?“

 

 

Néng

 

Opgepasst. Kanner! Huet d` Anna op den Internet geschriwwen: Wien ass géint Ongerechtegkeet? Wien ass fir d`  Gesetz vun de Gesetzlosen? Mit hunn d`  Anna-Hood-Gang gegrënnt! Maach dir mat? Mellt Iech!

 

 

 

Zéng

 

Et huet net laang gedauert an d`Anna huet Internet-Post aus der ganzer Welt kritt.  

Als éischt huet den Otto sech gemellt: Sinn dobäi!

Dunn den Achmed, den Armen, den Amo, de Sovanni und d`  Akira.

D`Maria wollt wëssen, ob hatt dem Anna seng Noriicht an aner Sproochen iwwersetzen dierft.

Kloer!

D`  Svetlana wollt wëssen, ob hatt dem Anna seng Noriicht u weider Kanner weiderleeden dierft.

Kloer!

D`  Indira wollt wëssen, ob och déi iwwersaten Noriicht a weider Sproochen iwwersat a weidergeleet dierft ginn. 

Kloer! Kloer! Kloer!

Schnéiball-Effekt: Elo wollten och de Giso an de Zlatko, den Haile, d`  Bageshree, d`  Manon und den Thijs, d` Agneta, den Eylül an d`  Sarah, de José, den John, Györgi an den Giovanni, de Ling, de Rui, den Dschingis, d`  Malaika, de Vainö, de Xabi, d`  Yaala, d`  Hrafnhildur, de Bintang, den Odysseus an de Waluyo, d`  Naira, de Mowan, den Ernesto an de Janko, d`  Jeanette an d`  Yasmin, de Karamba, de Patrick, de Reto, den Nanuq, den Ngunoue, de Sven, d`  Zachary, de Narumol, d`  Hoa, d`  Gabija, de Radu, den Tenzin an de Soo-Jung mat dobäi sinn.

Wëllkomm!

 

 

Eelef

 

„Hues de gelies“, huet de Robin gefrot, „wat eis nei Gang-Membere fir Iddien hunn? Wat mir maache sollen?“

„Kloer“, huet d`  Anna gesot, „Mol kucken, wat mer maache kënnen!“

Virgeschloe war, datt all d`Kanner, déi ouni Kaffi drénken ze kënnen an d`  Schoul mussen, vu Räiche fir d`  Mëttegiessen ageluede ginn, op mannst dräi Gäng: Virzopp, Haaptmenü, Dessert. Direkt!

Oder datt all d`  Kanner esou laang streiken, bis eng Räichen-Steier agefouert géing ginn, weltwäit, jo, datt all d`  Kanner eréischt nees Hausaufgabe maachen, weider Prüfunge schreiwen an an der Schoul matmaachen, wann all déi, déi net mat Arabecht, mä mat Sue Suen verdéngen, ëmmer d`  Hallschent vun hirem Gewënn ofgi mussen. Zack!

Oder, datt all d`  Mënschen einfach Suen dofir kréien, datt si Mënsche sinn, ob jonk oder al, ob weiblech oder männlech, déck oder dënn, giel, brong, wäiss oder schwaarz, aarm oder räich, fir jiddereen d`nämmlecht vill Suen, all Mount, an all Land, an ebe grad esou vill, fir datt kee méi héngeren oder erdiischtere muss, fir datt jidderee wunnen, an d`Schoul an da gutt schaffe goe kann, fir sech da mat éierlechem Loun seng Wënsch ze erfëllen, jo, all déi Wënsch, déi en huet, an zwar do, wou e sech doheem fillt, jo, wou en doheem ass. All de Räichtum vun dëser Welt geet dach fir all d`Mënschen duer – okee?

 

 

Zwielef

 

„An elo frëndlech kucken, wann ech gelift!“

De Robin huet d`Anna, dat an all senge grénge Saache virun deem grousse Bank-Gebai stoung, hin an hier dirigéiert.

„Nach ee Schrëtt no vir. Jo, an een zur Mëtt, gutt esou, ganz gutt!“

An dunn huet de Robin dem Anna nach seng gréng Kap opgesat an hatt Klack! a Klack! a Klack erëm an erëm fotograféiert. 

An déi schéinste Foto huet hien direkt op den Internet gesat: Mat beschte Gréiss vum Anna Hood!

Doheem huet d`Anna du geschriwwen: Elo gläich ass den 1. Juni – Kannerdag. Ab elo soll eisen Dag Robin-Hood-Dag heeschen! Mir dinn eis gréng un – iergendeppes Grénges wäert dach jiddereen iergendwou hunn: eng gréng Strëmp oder ee gréngt Band oder ee grénge Bläistëft oder ee Pällem oder einfach ee Grashallem – mir ginn also um Robin-Hood-Dag a Gréng dohinner, wou d`Sue sinn: bei d`  Banken oder bei déi Räich heem, sou wéi mer eis fir Halloween jo och iwwerall hin trauen! Awer mir wëlle keng Séissegkeet, nee, keng Almosen, mä Gerechtegkeet! Jo, fir jiddereen! A wien eis auslaacht oder eis fortjot gëtt fotograféiert an ob den Internet gesat – do fuerderen da beim nächste Robin-Hood-Dag méi gréng Kanner Gerechtegkeet an, vill méi – a beim iwwernächsten eréischt a beim iwweriwwernächsten!  Schnéiball-Effekt!

De Robin huet d´  Anna gefrot, ob hien och eppes dobäi schreiwe kéint.

„Logesch!“

Also huet hie geschriwwen: Vergiesst net, mir gi méi al – an da regéiere mir d``  Welt!

Geschwënn hunn du Kanner aus alle Länner dobäi geschriwwen: Jo, Jo, Jo – mir sinn dobäi!

Déi eng wollten nach dëst wëssen, déi aner dat: ob zum Beispill gréng Brëller erlaabt wieren, ob Plakater gemoolt oder gefilmt dierft ginn.

Jo, Jo, Jo!

An um 1. Juni, dem Robin-Hood-Dag, huet d`  Anna du just nach geschriwwen: Fänkt un!

 

 

Übersetzung / Iwwersetzung: Nora Wagener